Taina Bofferding magazine 11

Enn September am neien FGFC Mag'


En Interview mat der Inneministesch Taina Bofferding iwwert d'Reform vum Gemengegesetz: "Keng Plaz fir Parteipolitik !"
Liest hei schon e puer Extraiten.

...
Wann ee wéi Dir, en Diplom als Educatrice huet an duerno en Universitéitsofschloss an der Soziologie, wat hëlleft dat an der Politik?

Ech hu mech viru Joren dofir decidéiert Soziologie ze studéieren, well ech mech ëmmer dofir intresséiert hunn, wat ronderëm mech geschitt. Ech wollt de Fonctionnement an déi divers intern Phenomener vun eiser Gesellschaft kennen a verstoe léieren.
Ech weess also an der Theorie wéi eis Gesellschaft opgebaut ass, wéi Mënsche matenee funktionéieren. Virun allem de sozialen Aspekt doranner ass mär wichteg an zitt sech ewéi e roude Fuedem duerch mäin Engagement, mäi Studium bis elo eran an d’Politik. Esou passt meng Ausbildung eigentlech ganz gutt bei dat wat ech elo a menger aktueller Funktioun maachen.


Wat ass fir Iech d’Definitioun vum Terme «politesch Responsabilitéit»?

Ganz einfach: Decisioun huelen an dofir riicht stoen!
An der Konsequenz heescht dat, datt e(ng) Politiker/in net soll zécken Decisiounen ze huelen an deemno seng Meenung ze vertrieden an ze verdeedegen. Fir d’Konsequenze vun dësen Decisioune muss een ergo da perséinlech riicht stoen.


Viru kuerzem hutt Dir d’Campagne « mateneen fir eng modern Gemeng » lancéiert. Loosst eis zesummen äre Slogan deklinéieren: „Mateneen“ wat heescht dat fir Iech?

Mateneen heescht fir mech, datt mär wëllen eng Reform fir d’Gemengen awer och mat de Gemengen en Place setzen. Weiderhin heescht et, datt mär d’Reform esouwuel mat de politesch Responsabelen, wéi och zesumme mam Gemengepersonal wëllen ugoen an ëmsetzen. Matenee bedeit also en aktive Partizipatiounsprozess.
Zentral Froe sinn hei: Wat kënne mär verbesseren? Wat sinn haut Missiounen vun enger Gemeng? Wat d’Erausfuerderungen? Hu si genuch Moyen fir hir Aarbechte wouerzehuelen? An dësem Prozess sollen sech all Interesséiert kënnen zu Wuert mëllen, net zulescht d‘Biergerinnen an d‘Bierger selwer. Wa mär z.B. géifen hei am Interieur eleng un enger Reform vum Gemengegesetz schaffen, deen dem effektive Besoin um Terrain net géif gerecht ginn, hätte mär näischt geschafft.

De kompletten Interview fannt Daer an eisem 'Mag.