Reclassement

Hëllefsstellung bei der Ëmsetzung vun de Reformen am kommunalen Déngscht


Nei Weeër a modern Kommunikatioun aus dem Interieur

Op Ureegung vun der FGFC, huet eisen zoustännege Ministère säin éischten Youtube-Video online gesat. An dëser éischter audiovisueller Formatioun, gëtt et ëm d’Hëllefsstellung beim Reklassement vun de Lafbunnen :

  • Educateur gradué,
  • Educateur diplômé,
  • Assistant social,
  • Ingénieur-technicien
  • Expéditionnaire technique mat Bac.

Mir begréissen dës nei Approche bei der net nëmmen déi zoustänneg Servicer op de Gemengen, mee och Personal sech informéiere kann.

Sief bemierkt, dass an Zesummenaarbecht mam Syvicol, zum Sujet “Reclassement”, fënnef Seminären uechtert Land ofhale ginn. Dës Formatioun riicht sech speziell un déi zoustänneg Servicer, déi mat de Paie saiséiert sinn.

Fir detailléiert Froen zum Reklassement, wéi och generell zur de Reformen kann een sech u folgend Persounen am Inneministère wenden :

HILDGEN Jean-Lou: jean-lou.hildgen@mi.etat.lu
LEONARD Marc : marc.leonard@mi.etat.lu