sozialwalen_resultater

Sozialwalen 2019 : Walresultater vun der Stad Esch & Lëtzebuerg


D’FGFC vertrëtt d’Interessen vum gesamte Gemengepersonal, egal ob Fonctionnaire, Employé communal oder Salarié.

Ënnert dem Slogan “Du ziels fir eis als Mënsch!” ass d’FGFC dowéinst och dës Kéier – no 2013 fir d’zweet an hirer Geschicht – souwuel zu Esch wéi an der Stad Lëtzebuerg, mat enger eegener Lëscht fir d’Salariatsdelegatiounen ugetrueden.

All eise Kandidaten, souwéi de Wieler e grousse Merci fir hirt Engagement a Vertrauen an d'FGFC.

An der Stad Lëtzebuerg konnte sech eis FGFC-Kandidaten, virum OGBL a gläich mam LCGB, mat 3 effektiven Delegéierten an 3 Suppléanten behaapten. Sief ervirzesträichen, dass vun dëse 6 Kandidaten, 4 Fraen aus dem sozio-éducative Beräich gewielt gi sinn. Dëst beweist engersäits, dass et engagéiert Frae bei der FGFC ginn, an anersäits, dass et e Pak Suergen a Froen an dësem Aufgabeberäich an der Stad Lëtzebuerg unzepake gëllt. Mir zielen – net nëmmen an dësem Dossier – op eng konstruktiv Zesummenaarbecht mam éischtgewielten NVGL, dëst am Sënn vum ganze Personal.

An der Héichbuerg vum OGBL zu Esch, hate mir, mat enger hallwer Lëscht vun 11 Kandidaten, nëmme geréng Chancen, de Fouss an d’Dier ze kréien. Och wann et dës Kéier net duergaang ass, fir e Sëtz ze kréien, bleiwe mir mat eise motivéierte Leit trotzdeem weider um Ball. Nom Motto “no der Wal ass virun der Wal” bidde mir dem Escher Personal eng politesch neutral Ulafstell, a leeschte weiderhinn konsequent Iwwerzeegungsaarbecht duerch eng gutt Informatiounspolitik.

“Du ziels fir eis als Mënsch!” ass fir eis net nëmmen e plakative Slogan– zesummen mat eise Leit um Terrain gi mir onbeiert eise Wee weider.

Op dëser Plaz sief schonn eng Spezialformatioun fir all eis Delegatiounen ugekënnegt.

Den FGFC-Exekutivbüro seet all senge Kandidaten an engagéierte Leit, déi un dëse Wale bedeelegt waren, e grousse Merci.