Wëlls Du Delegéiert(e) ginn?


Bei der FGFC si mir iwwerzeegt vun der Wichtegkeet vun den Delegatiounen an hiren Delegéierten.

En Delegéierten ass eng Persoun déi opmierksam op seng Kollegen ass.
Et ass en éischt Nolauschteren, eng éischt Ënnerstëtzung an eng éischt Méiglechkeet fir all Froen unzegoen, déi sech stellen. 
Eng Delegatioun, dat si virun allem Fraen a Männer, déi forméiert sinn a sech engagéieren, fir d'Aarbechtsbedingungen an d'Wuelbefannen ze verbesseren.

 

Delegéiert(e) ginn heescht fir d'éischt nëtzlech wëllen ze sinn


Nëtzlech sinn duerch permanent Bäiléieren, duerch geziilte Formatioun, andeems ee Kollegen hëlleft, sief et mat administrativem Support, duerch Ënnerstëtzung an der Kommunikatioun oder wann néideg als psychologesch Stäip.
Et heescht en Deel vun engem multidisziplinären Team ze sinn, fäeg Acquisen ze verteidegen an Iddien ze promoten;d'Solidaritéits- a Kollegialitéitsbanden ze stäerken; Léisungen ausschaffen; ze kooperéieren; zur Entwécklung vu kommunalen, wéi och ëffentlechen, Institutiounen am Allgemengen bäizedroen.

 

D'FGFC engagéiert sech fir eng méi professionell Approche zu hiren Delegatiounen


Delegéiert(e) fir eng Delegatioun vun der FGFC wëllen ze ginn, heescht dofir eng méi professionell a passionnéiert Approche ze wielen, fir de Kolleg(inn)en ze hëllefen.

 

Iwwerzeegt? 


Maach de Schrëtt! Trau dech selwer fir anerer do ze sinn.

Schwätzt direkt mat Denger Delegatioun op Denger Gemeng oder kontaktéier eis per E-Mail op delegation@fgfc.lu oder iwwer Telefon um 407 720-1